Heringer oder Hierger?

Zanter enger Partie Joren huet d‘Gemeng d’Millen am Mëllerdall erëm an d’Rei gesat an hir eng nei Bestëmmung ginn. Dat ass eng schéin Opwäertung fir de Mëllerdall an en Atout méi fir d’Attraktivitéit vun eiser Gemeng, wou jo den Tourismus an der „klenger Lëtzebuerger Schwäiz“ e grousse Rôle spillt.

Déi Millen am Mëllerdall gëtt haut „Heringer Millen“ genannt. Dat war net ëmmer hiren Numm. Et goufen zwou Millen do; dat engt war d’Iewescht Millen, dat anert d’Ënnescht Millen. Oder et ass vun „A Millesch“ geschwat ginn.

Wéi d’Millen elo renovéiert war, huet de Syndicat d’initiative no engem méi representativen Numm gesicht an huet dunn un d’Buerg uewen op der Kopp geduecht.

Vun där Buerg steet haut nach eng Ruin. Dat ass déi nawell gutt bekannten „Heringerburg“. Well do ginn et eng Rei Geschichten driwwer.

Zum Beispill déi Seechen iwwert d’Raubritter an der „Heringerburg“, déi et schlëmm gedriwwen hunn an déi ni ee kritt huet, well se hire Päerd d’Houf de falsche Wee, hannevir, opgeschloen haten. Si haten eng Kéier ee lafe gelooss, deen hinne versprach hat, datt e kengem Mënsch eppes vun hirem Trick géif soen. Mee deen huet sech do sonndes bei d’Mauer vun der Kierch gestallt, bei all de Leit zou, an huet gesot:

« Dir, o Stein sag’s ich allein

Die Heringer sind heim.

Wenn man meint, sie seien ein,

So sind sie aus;

Meint man aber, sie seien aus, so sind sie ein.

Sie haben ihre Pferde das Hintere vorn beschlagen“

An du war et séier gedoen mat de Raubritter vun der „Heringerburg“.

Déi Geschicht wéi och vill aner Legende fanne sech an dem Nicolas Gredt sengem „Sagenschatz des Luxemburger Landes“:

  • d’Griselinde, d’Sängerin aus dem Mëllerdall, déi nach heiansdo dohinne sange kënnt fir hire Lover vu Folkendingen. Dee war de Fiels erofgefall, wéi en seng Freiesch heemlech wollt besiche kommen;
  • den Templerschatz am Pëtz an den Draach, deen drop oppasst;
  • oder d’Goldfrächen an hire Fiels, d’Goldkaul, wou eng Schlaang op dem Schatz läit;
  • den Däiwel um Feld bei der Buerg;
  • d’Joffer Christina, déi aus der Buerg d’Fielsen erofgesprongen ass, vun Engele gedroe gouf an als Merci eng Kapell gebaut huet, do wou haut „Christnach“, Krëschtnech, steet
  • de béise Ritter Veit, seng léif Duechter Adeline an hire Léifsten, de Ritter Klaus vu Miersch.

Och de Michel Rodange huet déi Seeche kannt vun där Buerg. Hien huet nach eng aner Geschicht verzielt vum Ritter, mee och do ass et ëm e Päerd gaang, wat hannevir beschloe ginn ass. An och dee Ritter war net zevill ëmständlech: dee „Jonker“ vu Beefort, deen him net gepasst huet, ass gaangs de Fiels erof gepucht ginn „sechs Versinns déif“.

 

Dat Gedicht heescht : „D’Lidd vum Hierger Här“. An do gesitt dir, datt et am Lëtzebuergeschen en aneren Numm ginn ass, esou wéi een dat och nach kann an engem aneren Text vum Rodange gesinn.  hei hannendru liesen. Déi zwee Texter fannt dir hei hannendrun: si kommen aus dem Buch „De Michel Rodange, 1827-1876, a seng Heemechtsgemeng Waldbëlleg“. dat 2002 fir den 175. Gebuertsdag vun eisem Nationaldichter erauskoum a vun der Kulturkommissioun an der Gemeng Waldbëlleg publizéiert gouf.

Dee Lëtzebuerger Numm ass „Hierger“ fir dat däitscht „Heringer“, dat ass esou wéi beim däitschen „Hering“, déi jo op Lëtzebuergesch „Hierk“ genannt gëtt an net „Hering“. Domat ass natierlech nëmmen de Fësch gemengt, net den „Hering“, fir an de Buedem anzeschloen. Dofir hu mir hei am Land dat franséischt Wuert geholl: esou en „Zelthering“ ass e Piquet.

Dat däïtscht Wuert „Heringer“ soll „Kämpfer“ heeschen, an vum Wuert „Heer“, fir eng Arméi, hierkommen. Fir dat däitscht „Heer“ géife mir „Hier“ soen, an e Mann, deen aus dem Hier kënnt, ass also den „Hierger“.

D’Kulturkommissioun huet elo der Gemeng proposéiert, dee Lëtzebuerger Numm erëm ze benotzen, parallel mat der däitscher Bezeechnung, och bei der Millen, also der “Hiergermillen“.

Natierlech kann een net higoen an elo einfach nëmme vun der „Hiergermillen“ schwätzen a schreiwen. An de leschte Jore goufe vill Efforte gemaach, fir den Numm „Heringer Millen“ bekannt ze maachen. Dat kann net vun engem Dag op deen anere geännert ginn.

Et sollt een awer op de Publikatiounen an op de Schëlter déi zwee Nimm huelen, esou wéi dat am ganze Land bei den Uertschafte gemaach gëtt. Also „Heringer Millen“ schreiwen, an do drënner oder a Klameren „Hiergermillen“ setzen. Dat selwecht gëllt natierlech och fir d‘Hiergerbuerg.

Da stellt sech dann no enger Zäit eraus, wéi d’Leit aus der Gemeng an aus der Géigend mat deem Numm ëmginn a wéi hire Gebrauch gëtt.

Dee Moment, wou de Restaurant op der Hiergermillen erëm opgeet, wier genee richteg, fir nieft der „Heringer Millen“ och erëm vun der Hiergermillen ze schwätzen.

 

Heringen und seine Umgebung!    Michel Rodange

(Epistel am Mëllerdaller Dialekt, Juli 1857)

 

[…]

 

Ma wiem d’Gewësse wi e Beieschwaarm

ëm d’Uren dauscht, an hei e stécht an do,

die läft iech ass wi duerch de Fäischterwald!

Vu lauter Iweldru gesäit en näischt,

e fënnt keng Rou, och net am mëllste Bett;

ass wi de Schappmann rennt en an der Nuecht,

die mat dem « Bello do » a « Bello hei! »

duerch d’Däischtert jeet an d’Kanner fäerten deet.

An hätt en d’Ongléck, duerch de Mëllerdall

ze gon, wann d’HiergerJoffer d’Léidche séngt,

e lauschtert net. Nu kuckt, an huet der net

den Ablack hien elo jo nach gesinn?

An nu, nu steet en do an ‘t ass e SteenI

Ewell en net gelaustert huet op d’Lidd,

dat owens duerch de Mëllerdellche schaalt.

Net dach, wi schéin is aner alles war!

A wann is d’Hiergerbuerg do-iwwer hier

net hätt gewénkt, mer sizen nach vläicht do.

[…]

Wat eng Spetzioun ass hien dem Fielser Här

huet ugedon, gif d’Har zu Bierg Eech ston;

an d’Lett se waren och su frou mat him,

wi d’Geess gewinnécklech mam Messer ass.

An huet en d’Pierd och d’hënnescht vir beschlon,

e guf verroden on du och erdappt

an (wien et glääft, steerft net dervun)

e rennt nach hettjesdos ëm Halefnuecht

ëm d’HiergerBuerg op engem schwaarze Bock,

die Flam a Feier, Pech a Schwiewel späizt

[…]

 

 

D’Lidd vum Hierger Här    Michel Rodange

Do wou d’Schwaarzärenz

Duerch de Bësch leeft

Souz den Hierger

Här am Buergnascht,

Dat ganz héich war,

Mat der Duechter,

Déi ganz schéi war

An zu Beefert

War e Jonker,

Deen se gär hat,

An si hien och.

Awer Beefert

An den Hierger

Ware Feind sech

Bis an d’Séil an.

E Verréider

An e Schmalzert

Koum zum Hierger

An dee sot em:

Wann der fort sidd,

Kënnt de Jonker

Op iert Schloss hier.

Wat e mécht hei

musst dir wëssen,

Datt dir fort sidd,

Dat gesäit een

Un den Trëtt vun

lerem Räitpäerd.

An den Hierger

Rennt no Bëlleg

An e seet do

Zou dem Schmadd dëtt:

Hei beschlo nu

Ganz geschécklech

Du mäi Räitpäerd,

D’Hënnescht vir mer.

An de Schmadd schléit

Op den Undels

An op d’Eisen

Datt et fonkelt.

Da beschléit en

Him säi Räitpäerd

D’Hënnescht vir schein.

 

Op säi Fexchen

Spréngt den Här du,

An du hannescht.

Riicht op heem zou,

Awer d’Houftrett

Vun dem Räitpäerd

Weisen anescht.

Ëm den Owend

Nu geridden

Koum vu Beefert

Och de Jonker.

Frou gesäit en

Un den Houftrëtt

Datt den Hierger

Nach eraus wir.

Klappt un d’Paart lues

Déi och opgeet.

Wéi de Jonker

War am Schlasshaff,

Spréngt den Hierger

Un den Hals em

Mat dem Räitkniecht

An se stoussen

Iwwer d’Fiels of

Géi de Jonker

Sechs Versinns déif.