BIERGER-KLIMAFORUM
D’Klimateams vun de Gemengen Beefort, Hiefenech a Waldbëlleg hunn zesumme mat der Klima-Agence zu engem Informatiounsowend mam Thema „Wäermepompel, Photovoltaik, Stroumdeelen an energeetesch Sanéierung“ um Kärespeicher op der Heringermillen invitéiert.
Vill interesséiert Biergerinnen a Bierger hunn den Explikatioune vum Klima-Agence-Beroder Martin Schmitt nogelauschtert. Hien huet d’Méiglechkeeten an d’Virdeeler vun enger Wäermepompel, vu Photovoltaikanlagen, dem Stroumdeelen an der energeetescher Sanéierung erkläert an iwwer de Klimabonus informéiert.
📸 Filipe Soares / Thomas Schlicher / Bernhard Jäckel
Voir plus …