70 JOER ENN VUN DER ARDENNENOFFENSIV AN EISER GEMENG

Retour
01. septembre 2021

70 Joer Enn vun der Ardennenoffensiv (Rundstedtoffensiv) an eiser Gemeng – Dezember 1944. Mir erënneren eis!

De 16. Dezember 2014 waren et genee 70 Joer hier, datt eis Gemeng ënnert der schrecklecher Ardennenoffensiv (am Sproochgebrauch och Rundstedtoffensiv genannt) gelidden huet. Nodeems den Naziregim mat enger leschter Groussoffensiv am Westen versiche wollt, déi onëmgänglech Defaite awer nach ze vermeiden, hu sech an engem schreckleche Gemetzel dausende vu jonken amerikaneschen an däitschen Zaldote bei eis Enn Dezember 1944, an der Chrëschtdagszäit (virun allem zu Haler awer och zu Waldbëlleg an am Mëllerdall) bekämpft. Vill Leed an Dout sinn an där Zäit iwwert eis Gemeng komm. Obwuel ee gemengt hat, datt de Krich bal op een Enn goe misst, huet en am Dezember 1944 awer nach eng Kéier seng schrecklech, zerstéieresch an déidlech Fratz gewisen.

Déi Leit aus eiser Gemeng, déi déi Zäit hu misse materliewen, wësse vun där däischterer Periode aus der Geschicht vun eiser Gemeng ze verzielen.

D’Erënnerung un all déi jonk Zaldoten an un all déi zivil Leit, déi hiert Liewen an där Schluecht verluer hunn, d’Erënnerung un all déi Zerstéierung an dat Leed, wat d’Ardennenoffensiv bruecht huet, ass eis staatsbiergerlech Flicht! Et ass eis wichteg, datt mir de Message viru ginn un déi nächst Generatiounen, datt Krich ni eng Léisung ka si fir Konflikter ze léisen. Krich bedeit d’Versoe vun all Verstand a weist zu wéi enge schrecklechen Handlungen de Mënsch fäheg ass. Et ass d’Aufgab vun eis all, fir derfir ze suergen, datt eis Geschicht net vergiess gëtt, fir, datt d’Affer vum Dezember 1944 net ëmsoss waren. Et ass eis Aufgab, derfir ze suergen, datt aus der Geschicht vun deemools geléiert gëtt.

D’Gemeng Waldbëlleg huet sech a verschiddene Commémoratiounsfeierlechkeeten vum 27. bis den 30. November 2014 un déi schrecklech Zäit erënnert.

Am Mäerz 2014 koum ee klengen Aarbechtsgrupp beienee fir d’Erënnerung un déi Zäit héich ze halen, an een Zeechen ze setze géint de Krich. De Schäfferot huet déi Iddië komplett ënnerstëtzt. Nieft der Organisatioun vu verschiddene Feierlechkeeten hat de Grupp d’Iddi, fir déi verschidde Gedenkplazen an der Gemeng ze renovéieren an op deene Plazen Informatiounspanneau’en opzeriichten, wou den interesséierte Mënsch a 4 Sproochen den historesche Kontext vun den Evenementer vu viru 70 Joer resuméiert kritt. Zu Haler beim Monument gëtt erklärt, wat bei eis an der Gemeng am Dezember 1944 geschitt ass. Zu Waldbëlleg beim Steen, vis-à-vis vum ale Gemengenhaus ginn nieft engem statisteschen Deel och d’Nimm vun all deenen zivile Leit aus eiser Gemeng opgezielt, déi am 2. Weltkrich hiert Liewe verluer hunn. Zu Waldbëlleg op der Kopp, op der Frontlinn beim Monument, wou d’Rundstedtoffensiv bei eis an der Gemeng gestoppt konnt ginn, gëtt beschriwwen, wat d’Zilsetzung vun der Ardennenoffensiv war, a wéi se glécklecherweis gescheitert ass. Den Organisatiounsgrupp war der Meenung, datt déi Gedenkplazen d’Erënnerung nach méi lieweg halen, wann de geschichtleche Kontext erklärt gëtt. Wann een sech komplett informéiere wëll, da sollt een zu Haler mam Panneau ufänken, an da weiderfueren zu Waldbëlleg an der Reiefolg, wéi virdun opgezielt.

Op der Säit hei niewendrun ass de Programm vun de Commémoratiounsfeierlechkeeten. Op de Säiten X-X kënnt Dir Iech een Androck maachen vun de Feierlechkeete vum November 2014. Op de Säiten X-X kënnt Dir dee kompletten Tagebuchbericht noliesen, deen den Arthur Funck vu Waldbëlleg, deemools 46 Joer al, iwwer seng geliefte Momenter an der Rundstedtoffensiv geschriwwen huet. Et ass dëst seng Siicht vun den Evenementer, wéi hien se erlieft huet. De Buergermeeschter huet a senger Ried vum 29. November 2014 kuerz doraus zitéiert. Hei kënnt Dir elo no dësem Artikel de komplette Bericht liesen, wéi en am Buch „Kriegsereignisse im Frontsektor der Untersauer“ vum Fred Karen vun 1989 publizéiert ginn ass.

Dës impressionant an ergräifend Commémoratiounsfeierlechkeete waren nëmme méiglech duerch d’Mathëllef vun enorm ville Leit, déi mat Häerzblutt ugepak hunn. Ech ginn duerno nach wieder dorop an, mais hei scho wëll ech alle Bedeelegten ee ganz groussen an häerzleche Merci soen! Dat, wat Dir all geleescht hut, ass immens gewiecht! Et war einfach schéin ze gesinn, wéi praktesch eng ganz Gemeng ugepak huet, fir, datt d’Erënnerung héich gehale konnt ginn. Bal all Veräin, immens vill Privatleit a Frënn vun Auswäerts hu gehollef. Dat war geliefte Gemeinschaft a Solidaritéit, an ech hat d’Gefill vun enger Zesummegehéieregkeet, wéi ech dat well laang net méi erlieft hunn.

Donneschdeg, de 27. November 2014 – Film „The battle of the Bulge – World War II’s deadliest Battle“.

Um 20.00 Auer hate sech eng 60 Leit um Hentgesbau afonnt fir de Film „The battle of the Bulge – World War II’s deadliest Battle“ (90 min.) ze kucken. Dësen amerikaneschen Dokumentarfilm vun 1994 vum Lennon Thomas gouf op Lëtzebuergesch iwwersat a weist op eng ganz realistesch Weis, wat d’Hannergrënn vun der Ardennenoffensiv waren, wéi déi Schluecht verlaf ass a wéi leedvoll déi Zäit fir Zaldoten an d’Zivilbevëlkerung war.

Dës Film war déi richteg Introduktioun fir de Commémoratiounsweekend, an huet op eng eklatant Aart a Weis de Schrecke vum Krich duergestallt. Archivopname vun der Front, Temoignagë vun Zaldoten a Betraffenen hunn de Leit am Sall d’Ardennenoffensiv méi no bruecht.

Nom Film huet een d’Betraffenheet an de Gesiichter vun de Leit gesi kënnen. Ouni grouss Wierder an Diskussioune war nom Film gläich kee Mënsch méi do. De Film huet de Krich gewisen, wéi en ass – Schrecken, Leed an Dout!

Freideg, den 28. November 2014 – Vernissage vun der Ausstellung „D’Ardennenoffensiv an eiser Gemeng 1944“.

Dënschdes, de 25. November 2014 war d’Sportshal ee grousst oppent Sportsfeld, wou deen Dag virdrun d’Schoulkanner nach geturnt hunn. Moies an aller Fréi koum eise Fieschter mat senge Leit, d’Gemengenaarbechter a verschidde Membere vum Organisatiounsgrupp beienee, fir aus där Sportshal ee Raum ze maachen, dee passend war fir déi impressionant Fotoen- a Materialausstellung, déi vu Freides bis Sonndes gewise gouf.

Am Virfeld war sech am Organisatiounsgrupp laang Gedanke gemaach ginn, wéi een eng thematesch Ausstellung vu Fotoen an Dokumenter kéint organiséieren, déi all d‘Facettë vun der Ardennenoffensiv a vum 2. Weltkrich am Allgemenge bei eis an der Gemeng duerstelle géif. Et ass versicht ginn, fir de geschichtleche Kontext ze erklären, andeems een Deel vun der Ausstellung Erklärunge ginn huet iwwer dat, em wat et bei der Rundstedtoffensiv gaangen ass. D’Ausmooss vun der Zerstéierung vun där Schluecht, déi hefteg zu Haler an zu Waldbëlleg getoobt huet (zu Chrëstnech ware bal keng gréisser Schied un den Haiser) ass duergestallt ginn, mat enger Foto aus dem Krich, an direkt derbäi eng Foto vun de selwechten Haiser wéi se haut sinn. D’Leide vun den Zaldoten an hiert Material gouf gewisen. Een Deel vun der Ausstellung huet sech mat den Affer ënnert der Zivilbevëlkerung beschäftegt, an ee weideren Deel mat dem Leed vun deene Leit, déi am KZ oder soss gelidden hunn. All Facettë vun de Schrecke vum Krich goufen duergestallt, all Kéier mat Bezuch op d’Gemeng Waldbëlleg. Fotoen an Dokumenter eleng ausstellen ass net duer gaang, an duerfir hate mir d’Chance, datt verschidde Leit aus der Gemeng selwer Krichsmaterial sammelen. Dës Sammler hunn och nach Kollege motivéiert, déi eis vill schéi Saache vun Alldagsgeschier, iwwert Uniforme bis hin zu Gefierer aus där Zäit geléint an ausgestallt hunn. Esou konnte verschidde Szenarie gebaut ginn, déi dat, wat d’Fotoe gewisen hunn, lieweg gemaach hunn.

Vun Dënschdes bis Freides Mëttes hunn d’Sammler, Gemengenaarbechter, de Fieschter a seng Leit an d’Kollegen aus dem Aarbechtsgrupp bis an d’Nuecht erageschafft, fir eng Ausstellung opzeriichten, déi sech weise konnt loossen. Sie all hu mat enger Leidenschaft an engem Äifer doru geschafft, wéi ech et seelen erlieft hunn. Och nach esou kleng Detailer hu si versicht authentesch duerzestellen. Fir hier Aarbecht kann ech hinnen net Merci genuch soen. Deen een an anere Kolleg huet praktesch vun Dënschdes bis Sonndes Owes an der Hal gelieft an och d’Nuechten do verbruecht. Et ass immens schued gewiescht, datt Sonndes Owes, den 30. November déi vill Aarbecht vun e puer Deeg geraumt ginn ass, a scho Méindes Mëttes konnt d’Schoul d’Hal rëm notze fir ze turnen, wéi wann Näischt gewiescht wier. Alle Kolleginnen a Kollegen, Alle Sammlerinnen a Sammler a Jidderengem, deen un der Ausstellung gehollef huet wëll ech een ganz häerzlechen a grousse Merci soen! Är Ausstellung war einfach nëmmen dat Allerbescht an ech weess, wéi vill net gezielte Stonnen Dir doru geschafft hutt – Bravo! Alle Sammler, déi eis ganz gentil an onkomplizéiert hir Gefierer an aner Ausstellungsstécker zur Verfügung gestallt hunn, sief hei och ee grousse Merci gesot. Är Saachen hunn d’Ausstellung nach méi lieweg gemaach a vill Leit konnte sech vu no ee Bild vum Krichsmaterial vun deemools maachen.

Freides Mëttes vu 14.00 Auer bis 16.00 Auer waren et d’Schoulkanner aus de Cyclen 3 a 4 (4. – 6. Schouljoer), déi mat hiren Enseignanten als alleréischt d’Méiglechkeet haten, fir sech d’Ausstellung unzekucken. Et war dem Organisatiounsgrupp wichteg, datt d’Schoulkanner maximal an d’Commémoratioun agebonne gi sollten. De Message vun der Erënnerung soll vu Generatioun zu Generatioun virugedroe ginn.

Um 19.30 Auer Owes war déi offiziell Ouverture vun der Ausstellung. No enger kuerzer Begréissung vun de Leit an den Éieregäscht duerch de Buergermeeschter, huet d’Madame Jacqueline Penning de Gäscht den Opbau vun der Ausstellung erklärt. Vill Interesséierter hate sech Freides Owes an der Sportshal afonnt, a konnten sech a Rou d’Ausstellung bei engem Patt ukucken. Vill interessant Gespréicher sinn deen Owend gefouert ginn, an d’Leit kruten déi néideg Erklärungen zur Ausstellung vun de Membere vum Organisatiounsgrupp a vun de Sammler, déi hiert Material ausgestallt hunn.

Samschdës, den 30. November 2014 – den Haaptdag vun der Commémoratiounsfeierlechkeeten

Moies, géint 9.00 Auer, hu sech ëmmer méi historesch Militärgefierer zu Waldbëlleg afonnt. Jeepen a Camion’en sinn zu ëm déi 28 Stéck bei de Bushangar bei der Sportshal komm, wou se vum Buergermeeschter begréisst gi sinn. Verschidde Clibb aus dem Land hunn eis d’Éier gemaach, fir bei eise Commémoratiounsfeierlechkeeten derbäi ze sinn, d’Greyhounds vu Péiteng, de CVM vu Steesel, d’Amicale Band of Brothers an d’Quadriga vu Walfer. Et ass immens schéi gewiescht, fir sech déi Gefierer, déi mat vill Léift zum Detail vun hire Besëtzer renovéiert gi sinn, vun no unzekucken, an et ass ee seltend Bild gewiescht, fir esou vill där historescher Vehikele virun der Sportshal ze gesinn. D’Wieder huet et gutt mat eis gemengt – et war drëche kal an et sollt keng Drëps Reen falen deen Dag. Et brauch net erwähnt ze ginn, datt den Aarbechtsgrupp dat net esou organiséiere konnt mam Wieder. Hei hate mir einfach mol Chance!

Mat Kaffi a Croissant ass sech fir den Dag gestäerkt ginn, an de Programm fir den Dag ass duerchgeschafft ginn. Et sollt nach ee laangen, awer ganz interessanten Dag ginn. Géint Mëtteg konnten eis Gäscht sech bei enger exzellenter Gulaschzop stäerken, déi Gaby Larry vun Haler fir eis gemaach huet.

Géint 13.30 Auer sinn ëmmer méi Eltere mat hire Kanner op de Site komm. D’Kanner an hir Elteren aus dem Cycle 4 (5. a 6. Schouljoer) goufen am Virfeld invitéiert, fir bei enger spezieller Aktivitéit matzemaachen. Et ass schéi gewiescht, datt esouvill Kanner an Elteren där Invitatioun op engem fräie Samschdegmëtten nokomm sinn. D’Kanner ware ganz begeeschtert vun de militäresche Gefierer, an hunn de Besëtzer Lächer an de Bauch gefrot iwwert dësen an deen Detail vun de Maschinnen. Lues awer sécher huet sech ee schéine Cortège vu Gefierer opgestallt, deen sech dunn mat gemittlechem Tempo iwwert de Freckeisen laanscht de Kelleschhaff a Richtung Seiterter Bësch zu Haler op de Wee gemaach huet. Et huet verschiddene Leit eng stramm kal Lëftche laanscht d’Ouere geblosen op de Gefierer, mais d’Begeeschterung iwwert deen aussergewéinlechen Ausfluch huet déi Meescht déi Suerg vergiesse gedoen. Just Vereenzelter, déi wossten, datt dem Schaafs Raym seng historesch Ambulanz eng Heizung huet, si wéi een Här duerch d’Géigend gefouert ginn.

Direkt duerno ass de Convoi iwwert de Flouer nees zréck an de Bushangar op Waldbëlleg gefuer, wou sech mam Rescht Gulaschzopp a Wirschtercher a Mettwurschte gestäerkt ginn ass fir den Owend.

Géint 18.30 Auer hu sech an der Däischtert ëmmer méi Leit an der Rue Laach zu Waldbëlleg afonnt, wou de Cortège sech organiséiert huet, dee un der Laach duerch d’Duerf bis op d’Bëlleger Kopp bei d’Krichsmonument sollt goen. D’Strooss war extra fir deen Owend gespaart ginn, sou, datt de Wee fir de Cortège fräi war. Ëmmer méi Leit si komm, bal all d’Veräiner aus der Gemeng waren do mat hire Fändelen. D’Musek huet de Cortège ugefouert a musikalesch begleet. Sie haten extra kleng Liichtercher organiséiert, fir an der Däischtert spillen ze kënnen. D’Pompjeeën aus der Gemeng hu sech ëm d’Fakele bekëmmert, déi un d’Leit ausgedeelt goufen, déi eng wollten. Gutt iwwer 100 Leit haten herno eng Fakel am Grapp, an et war een impressionanten Zuch, deen sech do op de Wee gemaach huet. Vill Éieregäscht haten de Wee bei eis op Waldbëlleg fonnt. Ënnert hinnen d’Madame Minister Carole Dieschbourg an den Här Minister Nicolas Schmit, grad wéi den Här Deputéierten Léon Gloden, den Här Vizepresident vun der Resistenzorganisatioun LPPD Nico Thill, Vertriederinnen a Vertrieder vun der LPPD Kanton Iechternach, den Här Roland Gaul aus dem Musée national d’histoire militaire vun Dikrech an eng Rei Kolleginnen a Kollegen aus de Schäffen- a Gemengeréit aus de Gemengen aus der Regioun Mëllerdall.

Beim Krichsmonument vis-à-vis vum ale Gemengenhaus ass grad ewéi zu Haler och eng Gerbe néiergeluecht ginn. De Panneau ass devoiléiert ginn vun der Madame Jeanne Huss-Medernach an der Madame Josette Pinnel, ënnerstëtzt vun zwee jonken Hären, dem Jerry an dem Lex Huss. D’Sonnerie aux Morts war och hei um Programm. Ronderëm haten sech déi militäresch Gefierer an den Afahrten vun den Haiser stationéiert. Ech muss soen, datt et eng ganz beandrockend an ergräifend Atmosphär war, mat all de Leit, dem Fakelliicht. Et ware ganz speziell Andréck, déi sech mir ganz staark an d’Memoire gebrannt hunn. Déi Momenter bei de Monumenter, wou verschidde Generatioune matenee vereent sech un d’Geschicht erënnert hunn, an dorun, datt Krich nie méi soll zréckkommen, hunn engem deen Ament d’Gefill ginn, datt genee verstane ginn ass, wat déi sëlleche Monumenter uechter d’Land eis soe wëllen.

Laanscht d’Gemeng ass et erop op d’Bëlleger Kopp bis bei d’Monument gaang. Op där Plaz, déi historesch gesinn déi Plaz ass, wou bei eis an der Gemeng d’Ardennenoffensiv vun den amerikaneschen Truppe gestoppt ginn ass, hunn den Här Edouard Lies an den Här Alphonse Schintgen, allebéid vu Waldbëlleg, ënnerstëtzt vun de Gebridder Jerry a Lex Huss,  eng Gerbe néiergeluecht an de leschten Informatiounspanneau devoiléiert. D’Resistenzorganisatioun LPPD aus dem Kanton Iechternach huet direkt duerno och eng Gerbe néiergeluecht, zu Éieren vun alle Verstuerwenen, déi sech am Krich géint den Occupant gewiert hunn. Der LPPD Kanton Iechternach sief fir hire schéine Gest ee ganz häerzleche Merci gesot op dëser Plaz.

Nodeems d’Sonnerie aux Morts eng weider Kéier beim Monument gespillt ginn ass, hunn d’Leit mat hire Fakelen ee Spaléier gebilt, wou déi militäresch Gefierer derduerch gefuer sinn. Am Fakelliicht war dat och ee Moment, deen engem eng Héngerhaut gemaach huet. De Cortège ass duerno an d’Sportshal virugaangen, wou d’Leit sech an der Wäermt op de Gradin’en Plaz geholl hunn. D’Pompjeeën, déi sech de ganze Cortège iwwer ëm d’Sécherheet bekëmmert hunn, zesumme mat der Police Grand-Ducale, hunn de Leit d’Fakelen ofgeholl a se ausgemaach.

An der Sportshal huet eng Chorale réunie vu Sängerinnen a Sänger aus de Chéier vu Chrëstnech, dem Mëllerdaller Männerchouer a Sang Mat Waldbëlleg-Haler fir déi passend musikalesch Begleedung vum Owend gesuergt, ënner aanerem mam bekannte Lidd « Aus mengem Duerf goung ech hier ». De Buergermeeschter huet duerno déi offiziell Usprooch fir d’Commémoratioun gehal. Hien ass drop agaang, wéi wichteg et ass, sech regelméisseg, vu Joer zu Joer, a vu Generatioun zu Generatioun, un déi tragesch Momenter vun eiser Geschicht ze erënneren.

Nodeems de Buergermeeschter kuerz zitéiert huet aus den Tagebuchaschreiwunge vum Arhur Funck vu Waldbëlleg (de ganze Bericht aus dem Tagebuch ass direkt hannert dësem Artikel op de Säiten X-X ze liesen), huet hie mat dëse Wieder ofgeschloss: „Bei de Monumenter gi mir opgefuerdert nozedenken, wéi eng Gesellschaft mir wëllen, wéi eng Erzéiung fir eis Kanner, fir datt sou schlëmm Zäite wéi deemools net méi virkommen. Hei musse mer all hellhörëg ginn, fir all Unzeeche vu Viruerteeler, vu Veruechtung oder Aggressivitéit géintiwwer Mënschen, vun deene mer mengen, sie wären anescht. 

Eis Denkmäler erënneren eis all Dag erëm un d’Wäerter vun der Demokratie an der Mënschlechkeet, an zugläich dorun, wéi zerbriechlech déi Wäerter dach sinn.

D’Gedenke bréngt „Gëschter“ an „Haut“ an ee Gläichgewiicht. Och wa mir op dëser Commémoratioun no hanne kucken, sou ass se dach och een Ustouss fir déi haiteg Generatioun, fir aus der Vergaangenheet ze léieren an enger Welt, an där et nach vill ze vill bluddeg Konflikter gëtt.

Wéi erschreckend ass et fir 2014 misse festzestellen, wéi d’Welt rëm schwéier an Onrou ass, an et op Plazen nees duerno ausgesäit, wéi wann d’Mënschheet onfäheg wier, aus de Feeler vun hirer Geschicht ze léieren. An dësem Moment, wëlle mir hei zu Waldbëlleg d’Stëmm vum Fridde sinn!

D’Erënnerung ass eng onbedéngt Flicht fir all Natioun. Et ass eis Pflicht de Verstuerwenen vum Krich gerecht ze ginn am Gedenken. Duerfir hu mir d’Liicht vun der Erënnerung brenne gelooss am Fakelzuch. An der Däischtert vun dëser Nuecht sollen déi honnert Fakelen, déi gebrannt hunn, weisen, datt eis Erënnerung un d’Affer vun deemools, an hire Message net vergiess sinn. Och wann d’Liicht vun der Erënnerung am Laf vum Joer duerch d’Hektik vum Alldag nees sollt ausgoen, sou gëtt et d’nächst Joer rëm ugefaang, vu Joer zu Joer, vu Generatioun zu Generatioun!

Déi Fraen a Männer, deene mer haut gedenken, hunn eis gewisen, wat et heescht a schwéieren Zäiten beieneen ze stoen, an zesummen ze halen. Sie hunn eis konkret Solidaritéit virgelieft!

Duerch hire Courage an déi Affer, déi si bruecht hunn, hu si eiser Heemecht erlaabt, de Krich ze iwwerstoen, an nom Krich, konnt sie hier Plaz an der internationaler Gemeinschaft fannen. Duerfir soll een sech och haut, bei aller Europaskepsis déi een héiert – sief se berechtegt oder net – ëmmer erëm dorun erënneren, datt déi europäesch Unioun de Garant ass fir Fridden a Käreuropa.

An enger Krise, wéi Europa se de Moment duerchlieft, solle mir beienee stoen a solidaresch sinn, ee Vollek mat deem Aneren. Aner Natiounen hunn eis deemools och gehollef an eisem Misère hei, och wann se dat net hätte misse maachen.

Jidder Eenzelne vun eis ka säin Deel zu enger mënschefrëndlecher Gesellschaft bäidroen, andeems e senge Matbierger mat Respekt an Toleranz begéint, mat Versteesdemech an enger oppener demokratescher Gesënnung.“

D’Chorale réunie huet duerno nach ee schéint Lidd gesongen, éier zum Schluss déi 4 Strophë vun der Heemecht gesonge goufen.

Nom offiziellen Deel konnten déi Uwiesend sech a Rou d’Ausstellung ukucke, mat engem Patt an engem klenge Maufel. Hei, grad, wéi schonn de ganzen Dag iwwer, hunn d’Veräiner aus der Gemeng all eng Hand mat ugepak fir de Service z’assuréiere, virun an hannert dem Comptoir, fir eis Gäscht ze verwinnen. Alle Leit aus de Veräiner, déi hei eng Hand mat ugepak hunn, wëll ech ee ganz groussen an häerzleche Merci soen!

Owes, nodeems dee leschte Gaascht d’Hal verlooss hat, hunn d’Membere vum Organisatiounsgrupp a verschidde Besëtzer vun den historesche Gefierer, déi an der Bushal geschlof hunn, beim leschte Patt den Dag Revue passéiert, an alleguer waren se frou an zefridden, datt alles, wat organiséiert gouf, ouni gréissere Problem ofgelaf war.

(Hei sinn eng ganz Rëtsch Fotoen vun den diverse Punkten um Stick ënnert Samschdeg, den 29. November 2015 – hei wier et wichtëg, d’Fotoën am Artikel ze verdeelen, respektiv eng schéin Fotoreportage direkt hannendrunn ze maachen. Ech hunn den Sartikle jo opgebaut wéi een Tagebuch. D’Fotoen sinn all Kéier vun deem präzsien Dag an dierfen duerfir net bei engem aaneren Dag gewise ginn. Merci J)

Sonndeg, den 30. November 2014 – den Ofschloss vun de Feierlechkeeten.

D’Membere vum Gesank vu Waldbëlleg-Haler hu Moies um 9.00 Auer am Bushangar de Kaffisdësch gedeckt. Sou konnten sech eis Gäscht mat den historesche Gefierer nach stäerken, éier sie sech rëm op de Wee heem gemaach hunn. Mir ware frou, datt sie eis Gäscht waren, a mir heesche sie all bei Geleeënheet nees gären häerzlech Wëllkomm an eiser Gemeng!

Mëttes vu 14.00 bis 17.00 Auer war d’Ausstellung op, a vill Leit hunn nees de Wee an d’Hal fonnt, an hu sech interesséiert ugekuckt, wat do op d’Been gestallt ginn ass. Déi néideg Erklärungen iwwert d’Ausstellung a verschidden historesch Informatioune krute sie vu Membere vum Organisatiounsgrupp. Géint 15.00 Auer gouf dann och nach eng Kéier de Film The battle of the Bulge  World War II’s deadliest Battle“ gewisen, den Amerikaneschen Dokumentarfilm a Lëtzebuerger Iwwersetzung vum Lennon Thomas vun 1994 iwwer d’Ardennenoffensiv, dee schonn Donneschdes um Hentgesbau gewise gouf. Déi ganz Deeg iwwer, goufen an engem Zelt an der Ausstellung och een Dokumentarfilm vum Yvette a René Flammang vu Kayl gewisen. Dësen interessante Reportage iwwert d’Rundstedtoffensiv am Kanton Iechternach gouf vu villen interesséierte Leit gekuckt. Der Madame an dem Här Flammang een häerzleche Merci, datt sie eis hir Filmer weise gelooss hunn.

Géint 18.00 Auer, nodeems dee leschte Gaascht d’Ausstellung verlooss hat, ware just nach d’Membere vum Organisatioungrupp an der Hal. D’Besëtzer vum ausgestallte Material a Familljen a Frënn vun hinnen hu sech een nom aneren derbäi gesellt. Zu enger 15 Dammen an Hären hu mir bis 22.00 Auer bal déi ganz Hal geraumt gehat. Wann ee bedenkt, wéi laang et gedauert huet, fir alles schéin an detailfgetrei opzeriichten, sou ass et ganz erstaunlech gewiescht, wéi séier ee geuerdnet Ofraumen iwwert d’Bühn gaangen ass. Zu gudder Lescht gouf sech, no der Aarbecht mam Iessen, wat nach Rescht bliwwe war, gestäerkt. Mir waren all zefridden a midd! Eenzeg Leed huet et engem gedoen, datt mir déi schéin Ausstellung net nach stoe loosse konnten. Aus verschiddene Grënn ass dat awer net gaangen.

Ech wëll op dëser Plaz de klenge Rapport iwwert d’Commémoratiounsfeierlechkeete vum November 2014 ofschléissen. Ech wëll speziell drop hiweisen, datt d’Fotoen an dësem Reportage gemaach gi si vum Här Luc Azzeri vu Waldbëlleg, vum Här Camille Goedert vu Chrëstnech a vum Jemp Origer vu Konsdrëf. Hinnen dräi ee ganz häerzlechen a grousse Merci fir déi schéi bildlech Erënnerungen, déi sie der Gemeng gemaach hunn.

 

Ofschléissend

wëll ech vun der Geleeënheet profitéieren, fir verschiddene Leit, Organisatiounen, Veräiner a.s.w. ee ganz groussen an Häerzleche Merci ze soen, fir déi vill an exzellent Aarbecht, déi sie geleescht hunn, fir, datt de Programm, wéi den Organisatiounsgrupp en geplangt hat, konnt esou reibungslos realiséiert ginn. Ouni sie all wier dat guer net méiglech gewiescht! Ouni besonnesch Reiefolg wëll ech sie hei opzielen.

Un alleréischter Plaz wëll ech de Kolleginnen a Kollege vum Organisatiounsgrupp ee ganz groussen an häerzleche Merci soen! Vu Mäerz bis Enn November 2014 hate mir eis zesummen op eng Erënnerungsrees gemaach, déi no 4 Deeg Commémoratiounsfeierlechkeeten op een Enn gaangen ass. Et ass wierklech eng Freed gewiescht, wéi schéin, harmonesch an onkomplizéiert mir matenee schaffe konnten. Jidderee vun Iech huet geschafft ewéi ee Päerd, keen Dag, keng Auer war ze spéid an ongezielt sinn all déi Stonnen, déi Dir fir dës Feierlechkeeten investéiert hutt vun Ärer Fräizäit. Vun Häerze MERCI! Dir sidd einfach TOP, TOP, TOP!!!

Ech wëll weider ee ganz groussen an häerzleche Merci soen:

  • De Kolleginnen a Kollegen aus dem Schäffen- a Gemengerot fir hir komplett Ënnerstëtzung fir a bei de Commémoratiounsfeierlechkeeten;
  •  De Kolleginnen a Kollegen aus der Administratioun an den techneschen Déngschter aus der Gemeng fir hir exzellent Aarbecht;
  • Dem Emile Hansen fir seng Temoignagen, déi hien de Kanner am Seiterter Bësch zu Haler verzielt huet;
  • Dem Luc Azzeri an dem Jemp Origer fir déi super a schéin Fotoen an dem Camille Goedert fir seng super a schéin Fotoen an den exzellente Film;
  • De Kollegen aus dem Bëschservice fir hir exzellent Aarbecht an Ënnerstëtzung;
  • Dem Pit Scholtes, dem Henri Reiter, dem Daniel Reiland, dem Paul Decker, dem Christian Wagener a senger Frau Esthère, dem Jérôme Kirsch, dem Lex Elcherot, dem Gérard Domizio, dem Stéphane Delleré, dem Gilbert Michels fir hier Sammelungsstécker an der Ausstellung an hier Gefierer;
  • Dem Gaby Larry vun Haler fir säin onvergiesslech gudde Gulasch, dee bis op déi leschte Schlupp fort gaangen ass;
  • De Veräiner, déi mat hiren historesche Gefierer bei eis komm sinn: d’Greyhounds vu Péiténg, den CVM Steesel, d’Amicale Band of Brothers vu Menster an d’Quadriga vu Walfer;
  • De Veräiner aus eiser Gemeng, déi mat sëlleche Memberen gehollef hunn, fir, datt déi 4 Deeg Commémoratioun iwwerhaapt ëmgesat gi konnten. Ech sinn houfreg drop, esou Veräiner an der Gemeng ze hunn!
  • Eisen Enseignanten, déi mat hire Schüler eis Ausstellung kucke waren;
  • Dem Jeanne Huss-Medernach, dem Josette Pinnel, dem Camille Mathes, dem Edourad Lies, dem Alphonse Schintgen, de Jerry Huss, dem Lex Huss, dem Pit Huss, datt sie d’Gerben bei de Monumenter néiergeluecht hunn an d’Panneau’en ageweit hunn;
  • Der LPPD Kanton Iechternach fir dee schéine Geste vun der Gerbe beim Monument op der Bëlleger Kopp;
  • Dem Lynn Weydert vu Gr-Ink vun Hiefenech fir seng exzellent Aarbecht;
  • Dem Yvette an René Flammang vu Kayl fir hire Film;
  • Der Police Grand-Ducale fir hier Ënnerstëtzung;
  • Alle Jugendlechen a Kanner déi sech fir d’Geschicht vu Lëtzebuerg interesséieren an un de Feierlechkeeten deelgeholl hunn;
  • Ganz besonnesch där Persoun, déi ech hei an der Opzielung onglécklecherweis, awer ganz bestëmmt onbewosst vergiess sollt hunn.